De brittesche Museker war jo wéinst Plagiat ugeklot ginn - dëse Prozess huet hien awer elo gewonnen.

Den Ed Sheeran stoung jo déi lescht Deeg zu New York viru Geriicht vue dass d'Famill vum Marvin Gaye him virgeworf hat, hien hätt sech um Song "Let's Get It On" vum Sänger orientéiert wéi hien säin Hit "Thinking Out Loud" geschriwwen hätt.

An der Nuecht op e Freideg ass dann elo erauskomm, dass den Ed Sheeran fräigesprach wier an dass d'Geriicht kee Plagiat hätt kéinte feststellen.

Dëst ass jo och fir de brittesche Museker eng richteg gutt Noriicht vue dass haut och säin neien Album "Subtract" erauskomm ass. Da kann hie wéinstens de Release elo esou richteg féieren.

Lauschtert hei déi ganz Museknews vum 5. Mee.