D'LOA Organisateure weisen sech ganz zefridde mat der LOA Esch 2023 Editioun.

Et waren eng ronn 12.000 Visiteuren iwwert de Weekend um Festival, 5.000 Leit um Freideg an eng 7.000 Leit um Samschdeg. Dat si 50% méi Leit wéi um LOA Esch 2022. D’Organisateure si méi wéi zefridden. Wéi et heescht, wier de ganze Festival ouni gréisser Tëschefäll ofgelaf.

Lauschtert hei déi ganz Museknews vum 8. Mee.