
© Jonathan Brady / POOL / AFP
Den éischte Kréinungsconcert huet de Publikum op der Plaz an d'Zuschauer virum Fernsee doheem gutt ënnerhalen.
Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum brittesche Kinnekshaus gouf et ee Kréinungsconcert an dat virum Schlass Windsor mat enger grousser Open-Air-Bün a sëllegen Ecranen. Déi frësch gekréinte Koppel, den Charles an Camilla, hunn zesumme mat deenen anere Membere vun der kinneklecher Famill vun enger Bün aus d'Optrëtter vun de Museker verfollegt. Donieft haten awer och nach 20.000 Zuschauer d'Méiglechkeet dee Spektakel live ze gesinn.
D'Katy Perry huet bei sengem Optrëtt seng enk Bezéiung mam Kinnek Charles III. betount. Déi zwee engagéieren sech nämlech bei "Prince's Asian Trust". Hatt huet säin Hit "Roar" an enger eenzegaarteger orchestraler Performance presentéiert.
Och de Lionel Richie engagéiert sech bei "Prince's Trust" an ass deenen hiren éischte globale Botschafter. Hien hëlleft zënter iwwer 5 Joerzéngt jonke Mënschen. De Musek huet och zwee vu senge Lidder bei de Concerte gespillt.
Weider Kënschtler waren den Andrea Bocelli an de Bryan Terfel, esou wéi de Pianist Lang Lang mat de Sängerinnen Nicole Scherzinger an Paloma Faith an och de brittesche Grupp Take That haten een Optrëtt.
Nieft de grousse Kënschtler waren d'Organisateure beméit esou vill méi méiglech Museker, Musekerinnen a Museksgruppen aus dem ganze Commonwealth mat an ze bezéien. Esou gouf och ee Chouer aus Gruppe vun der ganzer Welt zesummegestallt.
D'Concerten hu mat enger grousser Luuchteshow aus Dronen opgehalen. Dat war esou vill méi ëmweltfrëndlech wéi Freedefeier.