
© Sylwia Sarama - Wiki Commons
Déi kanadesch Punk-Band wäert dëse Summer déi lescht Concerten an hirer Karriär spillen.
Am Joer 1996 huet sech déi kanadesch Punk Band Sum 41 gegrënnt an huet an deene ganze Joren sech ee groussen Numm an der Punk-Zeen gemaach. Mat Hits wéi "Fat Lip" oder "In Too Deep" hunn si Lidder erausbruecht, déi bis haut a kenger Playlist dierfe feelen.
Elo huet d'Band dann awer ugekënnegt, dass dëst Joer dann no 27 Joer Schluss mat der Band wier. Op Instagram huet d'Band ugekënnegt, dass si nach hiren Album "Heaven :x: Hell" wäerten erausbréngen an och hir Tour fäerdeg spillen. Hei wäerten si ënnert anerem um Rock am Ring nach eng leschte Kéier op der Bün stoen.
D'Band wier frou dass d'Fans 27 Joer mat dobäi gewiescht wieren a mat hinnen dës Rees erlieft hätten.