De Festival huet elo ugekënnegt, wéi eng Band wéini wäert optrieden.

De Rock am Ring Festival wäert dëst Joer rëm vum 2.-4. Juni um Nürburgring stattfannen an huet mat de Foo Fighters, Kings of Leon den Toten Hosen a villen anere Bands rëm fir jiddereen eppes ze bidden.

Et gëtt dann och näischt méi Schlëmmes fir ee Festival-Fan wéi wann sech d'Lieblingsbands iwwerschneiden an een doduerch net alles ka gesi wat ee geplangt hat.

Dofir huet de Festival elo d'Timetable released fir dass een sech elo 3 Woche virum Festival scho kann seng Highlighten eraussichen a sech ka virbereede fir esou vill wéi méiglech Bands ze gesinn.