
© Eldoradio
De Festival wäert ganz geschwënn déi éischt Nimm vun der zweeter Editioun vum Joer annoncéieren.
Knapp eng Woch no der Season-Opening Editioun vum LOA um Belval wäerten elo och scho gläich déi éischt News fir d'Editioun um Kierchbierg kommen.
Um Belval hu ronn 12.000 Leit de ganze Weekend mat Leit wéi den Tchami, Topic oder de Bassjackers geféiert. D'Organisateure waren och wierklech ganz zefridden an denken och lo schonn un déi nächst Editioun vum LOA Festival.
De LOA by Post um Kierchbierg wäert dëst Joer vum 8.-9. September um Kierchbierg op der Place de l'Europe stattfannen.
Den 18. Mee wäerten d'Organisateuren dann och owes ëm 19.00h de komplette Line-Up annoncéieren.
Am Moment kann ee sech dann awer och well op loa.lu seng "Blind Tickets" kafen.