
© ADRIAN SANCHEZ-GONZALEZ / AFP
Nach dëst Joer soll dee neie Longplayer vun der amerikanescher Band op de Marché kommen.
Am Joer 1998 huet sech déi amerikanesch Rock Band 30 Seconds to Mars aus de Bridder Jared a Shannon Leto zesummegesat. An deene ganze Jore sinn si zu enger vu deene bekanntste Bands um internationale Marché ginn a stoungen och hei zu Lëtzebuerg schonn déi eng oder aner Kéier op der Bün. Hei konnt een si dann och direkt 2010 an 2014 um Rock-A-Field gesinn.
Elo huet d'Band dann annoncéiert, dass si de 15. September hire ganz neien Album "It's The End Of The World But It's A Beautiful Day" wäerten erausbréngen.
Den Album gouf dann och lo scho mat der éischter Single "Stuck" virgestallt, fir dass een sech scho bësse ka virstelle wat een dann am September erwaart.