Nei Musek vum lëtzebuergeschen Dj NOSI ass haut eraus komm.

Den DJ NOSI huet virun enger ganzer Rei Joren ugefaangen als Hobby op Baler aus Spaass opzeleeën. Ganz séier gouf doraus awer eng richteg Passioun an haut gëllt hien  zu deene bekanntsten DJ'en hei am Land an an der Groussregioun wou hien och ëmmer méi dacks optrëtt.

No Lidder wéi "Schëdden", "Klengen Drénken" oder "Marrakesch" zesumme mam Turnup Tun huet hien awer lo bëssen seng Museksrichtung geännert.

Dëse Freideg ass dann seng ganz nei Single "Delusion" erauskomm, déi manner EDM mee éischter ënnert Tech House anzeuerdnen ass.

De NOSI wäert dann och als Support vum Paul Kalkbrenner de 7. Juli 2023 um Luxexpo Open Air op der Bün stoen.