Dr. Doubt & Mister Ego heescht dem Culture the Kid seng neisten EP.

De lëtzebuergesche Rapper a Museker Culture The Kid ass bekannt dofir, dass hie sech net nëmmen op een eenzege Museksgenre festleet mee och mol heiansdo aner Saache probéiert wéi zum Beispill seng EP "Searching Rhymes" déi bësse méi country-lasteg war.

Elo ass hien dann zeréck mat senger neier EP "Dr. Doubt & Mister Ego", déi vum Sound hir bësse méi däischteren Hip-Hop ass. Hei ballert de Bass bësse méi wéi een dat soss vum Museker gewinnt war.

Dëse Projet wäert hien dann och mat enger Release-Party am Rocas virstellen. Hei ass de Rendezvous haut den 12. Mee ab 22.00h am Rocas. Tickets kritt een nach um Site vum Rocas fir 8€.