
© AFP
Schweden huet dann dëst Joer mam Loreen déi éischt Platz um ESC gewonnen.
Den Eurovision Song Contest gëtt et säit dem 1956 a gehéiert zu engem vun deene meescht verfollegte Musekspräisser iwwerhaapt. Dëst Joer war d'Zeremonie dann den 13. Mee zu Liverpool.
Dës Joer konnt sech dann déi schwedesch Sängerin Loreen mat sengem Song "Tattoo" duerchsetzen an déi éischt Platz sécheren. Domat geet d'Musekerin dann och an d'Geschichtsbicher vum ESC a vue dass hat eréischt déi zweet Kënschtlerin ass deem et gelongen ass den ESC zweemol ze gewannen. Am Joer 2012 hat d'Loreen schonn déi éischt Platz beluecht.
Am Joer 2024 wäert dann och no enger laanger Zäit erëm Lëtzebuerg um ESC deelhuelen. Wéi ee Museker oder Musekerin dann a Schweden dierf op der Bün stoen ass dann awer nach net gewosst.