
© AFP Archives Yung Yeon-je
D'K-Pop Band BTS huet mat "The Planet" déi éischt Single fir dëst Joer erausbruecht.
BTS sinn zeréck. Nodeems et säit dem Juni 2022 musikalesch nawell zimmlech roueg ëm d'K-Pop Band BTS gi war sinn si elo awer endlech zeréck. Laang war net gewosst wéi et a noer Zukunft mat der Band géif weidergoe vue dass eng Rei vun de Memberen an de Militär-Déngscht hu misse goen.
Elo huet d'Band awer zu 7 rëm eng nei Single released. De Song "The Planet" huet d'BTS am Kader vun der koreanescher Animatiouns-Serie "Bastion" erausbruecht.
Dës Serie ass da säit dem 14. Mee am koreanesche Fernsee ze gesinn an handelt vun engem Superheld.