
© Youtube Screenshot
No sengem Erfolleg mam Track "Unholy" zesumme mam Sam Smith, huet d'Sängerin elo säin neien Album annoncéiert.
Déi 30 Joer al Sängerin Kim Petras ass zu Köln op d'Welt komm, lieft awer scho säit Joren zu Los Angeles, wou hat och mat 15 Joer ugefaangen huet seng éischt eege Lidder ze schreiwen. Säin éischte groussen Erfolleg hat d'Kim Petras dann elo rezent mat sengem Hit "Unholy", deen hat zesumme mam brittesche Museker Sam Smith erausbruecht hat. Mat dësem haten déi zwee am Joer 2023 jo och ee Grammy gewonnen.
Elo huet d'Musekerin dann och ugekënnegt, dass hat den 23. Juni säin neien Album "Feed The Beast" wäert erausbréngen. Dësen Album wäert dann och deen éischte richtege Studioalbum vun der Sängerin sinn.
Op dësem wäert dann och den Track "Unholy" wéi och d'Single "Alone" mam Nicki Minaj mat drop sinn.