
© Dave Grohl / VALERIE MACON / AFP
Nom Dout vum Drummer Taylor Hawkins gouf laang doriwwer spekuléiert wéi et mat der amerikanescher Rock-Band Foo Fighters an Zukunft wäert weider goen. Fir d'Fans aus der Géigend war et da schonn eng gutt News wéi si als Headliner fir de Rock am Ring ugekënnegt goufen.
Elo huet d'Band ronderëm den Dave Grohl dann och mat eng ganz nei Single ugekënnegt, déi de 17. Mee wäert erauskommen. An engem Snipped kann een dann och scho ganz bëssen an d'Single eralauschteren. Bis elo kann een hei awer just dem Dave Grohl seng Stëmm héieren ouni déi ganz Band. Dësen Track wäert dann och Deel vun engem neien Album sinn, deen den 2. Juni ënnert dem Numm "But Here We Are" erauskommen.
Den Album kann een dann och lo scho virbestellen.