
© Eldoradio
Vum 28. Juli bis den 23. August fannen dëst Joer déi 15. Congés Annulés an de Rotondes statt.
De Summer-Festival "Congés Annulés" gehéiert säit ville Joren zu der nationaler Festival-Season mat dobäi. Dëst Joer ass et dann och schonn déi 15. Editioun vum Festival an de Rotondes. Vum 28. Juli bis den 23. August wäert een hei am ganz relaxe Kader rëm eng ganz Rei national wéi och international Bands erliewen.
Lass geet et dann och direkt mat der Opening Night mat der lëtzebuergescher Band Francis Of Delirium, der Band Fat Dog an der japanescher Sängerin Haru Nemuri.
Mat dobäi sinn dann och nach déi amerikanesch Indie Band Les Savy Fav oder A Place To Bury Strangers.
E puer national Highlighter ginn et dann och nach mam CHAiLD, Englbrt, Them Lights, Sheebaba, Ice In My Eyes, EDSUN, Claire Parsons Duo, Napoleon Gold oder och The Cookie Jar Complot.
Et dierft also och dëst Joer rëm fir jiddereen eppes mat dobäi sinn. D'Tickets kritt een dann och elo schonn um Site vun de Rotondes ze kafen.