Ganz geschwënn wäert dann een neie Longplayer vum Rapper erauskommen.

Nodeems de Post Malone an deene leschte Woche jo och hei an Europa ënnerwee war an eng ganz Rei Concerte gespillt huet, huet hien dann och lo op senge Social Media Accounts nei Musek fir ganz geschwënn ugekënnegt.

De neie Longplayer vum Rapper wäert den 28. Juli mam Numm "Austin" op de Marché kommen. A sengem Post op Instagram huet de Post Malone dann och geschriwwen, dass dëse Projet fir hien ee vun deenen opreegensden a flottste war un deenen hie bis elo geschafft huet.

Dës Freideg wäert dann och mat "Mourning" eng weider nei Single vum Rapper erauskommen.