Nodeems am Mäerz säin aktuellen Album erauskomm war, ass elo schonn eng nei Single op de Marché komm.

Nodeems d'Fans nawell eng länger Zäit hu missen op nei Musek waarden, war am Mäerz 2023 elo endlech dem Lana Del Rey säin aktuellen Album "Did You Know There's A Tunner Under Ocean BLVD" erauskomm.
Elo 2 Méint drop ass dann och mat "Say Yes To Heaven" schonn een neien Track vun der Sängerin erauskomm.

Eigentlech ass den Track schonn am Joer 2012 geschriwwe ginn, war awer nie offiziell erauskomm. Duerch ee Leak war de Song awer lo op TikTok opgetaucht.
Doropshin huet d'Lana Del Rey de Song elo offiiziell erausbruecht.