
"Du Kanns Mer Wéidoen" heescht deen neiste Song vum lëtzebuergesche Rapper.
Nodeems den 28. Abrëll dem Turnup Tun säin aktuellen Album "Realtalk" erausbruecht hat, ob dem dann och Tracks wéi "Camouflage", "Nach ee Kuss" oder "Aen aus Gold" mat drop.
Elo huet hien dann awer och schonn dee nächsten Track erausbruecht. "Du Kanns Mer Wéidoen" ass ee ganz emotionale Song, deen den Tun geschriwwen huet, nodeems hie seng Ex an enger Bar gesinn huet een anere kussen.
Dem Turnup Tun säin Album ass dann och ee ganz perséinleche vue dass hien hei immens vill Situatiounen aus sengem Liewe verschafft huet. Dës Single passt also vum Text hier komplett an den aktuelle Mood vum Museker.