No sengem Hit-Album "SOUR" soll lo geschwënn de Nofollger vun dësem erauskommen.

Virun 2 Joer ass dem Olivia Rodrigo säin Debut-Album "SOUR" op de Marché komm. Mat Lidder wéi "drivers license" oder "good 4 u" ass d'Musekerin iwwer Nuescht op TikTok zum Mega-Star ginn.

Elo huet déi amerikanesch Sängerin dann ugekënnegt, dass säin neien Album bal fäerdeg wier an dass hat immens frou wier ganz geschwënn de Fans nei Musek ze presentéieren.

Wéini den Album genee wäert erauskommen an och ee Numm vum Longplayer goufe bis elo nach net verroden.