
© Emmanuel DUNAND / AFP
No 7 Joer wäert et dann endlech nei Solo-Musek vum Bruno Mars ginn.
Am Joer 2016 hat de Bruno Mars säi leschte Solo-Album "24K Magic" erausbruecht an hat duerno de Fokus op säin anere Projet "Silk Sonic" zesumme mam Anderson Paak geluecht.
Wéi et vun engem Insider heescht, soll de Bruno Mars déi lescht Zäit domat verbruecht hunn, sech selwer a säi Sound nei ze fannen an och nei Musek opzehuelen. Wéini ee lo genee mam neien Album ka rechnen ass nach net gewosst.
E soll awer nach dëst Joer erauskomme vue dass anscheinend eng Welt-Tournée fir 2024 an 2025 geplangt ass.