Am Juli wäert de Superstar jo och fir zwee Concerten hei zu Lëtzebuerg op Besuch sinn.

De Robbie Williams ass ee vun deene gréisste Superstaren aus deene leschte Joerzéngten. Säit 1990 ass hien net méi vun deene grousse Bünen ewechzedenken a wäert am Kader vu senger grousser Tour dann och den 10. an 11. Juli hei zu Lëtzebuerg um Luxexpo Open Air optrieden.

Elo huet de Museker dann och verroden, dass hien am Moment un engem neien Album géif schaffen. Am Virraus huet hien dann och schonn iwwert déi éischt Single "Comment Section" geschwat, an der hien iwwert déi béis an onpassend Kommentare schwätzt déi hien sech do heiansdo muss duerchliesen.

Am Moment géif de Robbie Williams sech net méi alles duerchliese vue dass dat hie géif erofzéien.

Wéini déi nei Single oder eventuell den neien Album wäert erauskommen ass awer nach net gewosst.