
© EMMANUEL DUNAND / AFP
Kuerz ier et op Tour geet huet d'Band elo endlech ugekënnegt wien an Zukunft hannert den Drums wäert setzen.
Viru kuerzem haten d'Foo Fighters jo hiren neien Album "But Here We Are" ugekënnegt, vun dem si jo lo och schonn déi éischt zwou Singles released hunn. Mat "Nothing At All" an "Under You" weisen dann och schonn op wat een sech bei dësem Album ka freeën.
Nom Doud vum Taylor Hawkins war et lo bal 2 Joer onkloer wien an Zukunft Batterie bei der amerikanescher Band wäert spillen. An engem witzege Video hunn d'Foo Fighters elo zesummen als Band ugekënnegt, dass den Josh Freese an Zukunft dëse Job wäert iwwerhuelen. Hien huet an deene leschte Joerzéngten dann och schonn als Studio-Drummer Songs fir Paramore, Offspring, Avril Lavigne, Guns N' Roses oder och de Sting agespillt.
Fir déi europäesch Fans wäert hien dann och den 2. a 4. Juni um Rock am Ring a Rock im Park Festival ze héiere sinn.