No 6 Joer Paus soll elo endlech rëm nei Musek vum Nelly Furtado op de Marché kommen.

Am Joer 2017 hat déi portugisesch-kanadesch Sängerin de leschten Album mam Numm "The Ride" erausbruecht gehat. An engem Interview huet d'Musekerin elo verroden, dass hat immens produktiv an der leschter Zäit u neier Musek geschafft huet an dës och ganz geschwënn wäert erausbréngen.

Am Ganze wieren et honnerte vu Lidder déi d'Nelly Furtado an deene leschten 18 Méint opgeholl hätt.

Wéini awer lo déi éischt Single dann dovunner wäert erauskommen an ob och een Album geplangt ass, ass awer dann nach net gewosst.