
© MATT WINKELMEYER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Nei Musek dëse Freideg an eng nei Versioun vum Album am Oktober wäert et vum Taylor Swift ginn.
Déi amerikanesch Sängerin Taylor Swift hat jo virun e puer Méint säin aktuellen Album "Midnights" released gehat. Dësen hat jo och zimmlech all Rekord geknackt deen et gëtt an och seng Tour war a Sekonnen ausverkaaft.
Elo huet d'Musekerin dann awer ugekënnegt, dass hat de 26. Mee wäert eng Deluxe-Editioun vu sengem Album erausbréngen. Op dëser sinn dann och direkt e Bonussong "Hits Different" wéi och zwee ganz nei Songs zesumme mam Ice Spice a Lana del Rey mat drop.
Am Oktober wäert dann och eng nei Versioun vum ganzen Album erauskommen, ob deem dann och e puer Special-Songs mat drop wieren an e puer Live-Lidder vu senger aktueller Tour.