
© Unsplash
Déi brittesch Zeitung DJ Mag huet wéi all Joer rëm déi beschten Discoen op der Welt gewielt.
All Joer kann een um Internet-Site vun der brittescher Zeitung "DJ Mag" déi 100 beschten Discoen op der Welt wielen. Hei hunn am Joer 2022 méi wéi 600.000 Leit mat ofgestëmmt an esou kann een da schonn een zimmlech geneeë Ranking opstellen.
Op den Top-3 Platze stinn dann den Hï Ibiza op der Platz 1, de Printworks zu London op der Platz 2 an op der Platz 3 steet d'Disco Green Valley aus Brasilien an där méi wéi 6000 Leit kënne feieren.
Awer och Discoen déi nawell beléift bei de Lëtzebuerger sinn, si mat am Ranking dobäi. Sou zum Beispill och op der Platz 6 d'Bootshaus zu Köln, wou och ganz dacks grouss Nimm aus der internationaler DJ-Branche optrieden.
Aus Lëtzebuerg ass dëst Joer leider keng Disco mat am Ranking vertrueden.
Hei dann nach d'Top 10 op der Welt:
- Hï Ibiza, Spanien
- Printworks London, UK
- Green Valley Camboriu, Brasilien
- Echostage Washington, USA
- Ushuaïa Ibiza, Spanien
- Bootshaus Köln, Deutschland
- Amnesia Ibiza, Spanien
- The Warehouse Project Manchester, UK
- Laroc Club Valinhos, Brasilien
- Papaya Zrce, Kroatien