
Déi lëtzebuergesch Musekerin huet haut seng nei Single "Look At Me" released.
Déi lëtzebuergesch Musekerin Irem ass zeréck mat ganz neier Musek. Am Juni 2022 hat d'Irem mat "Ëmmer Méi" zesumme mam Turnup Tun seng éischt Single erausbruecht gehat. Säin éischte bësse méi groussen Erfolleg hat d'Sängerin dann zesumme mam Sixo an der Single "Gold".
Elo ass d'Irem dann zeréck mat sengem neisten Track "Look At Me". An dëser Single sengt d'Musekerin vu sengem Selbstbewosstsinn a wéi hat domat eens gëtt. D'Musekerin seet selwer dass dësen Track vum Sound hier bësse méi een orientaleschen Touch huet.
Dat ganz huet d'Irem dann och mam Turnup Tun als Produzent opgeholl a produzéiert.