
© Eldoradio
Den Download-Germany-Festival gouf fir dëst Joer ofgesot.
Den Download-Germany-Festival war fir den 23. a 24. Juni um Hockenheimring geplangt. D'Organisatioun vum Festival huet den Dënschde matgedeelt, dass de ganze Festival muss ofgesot ginn.
All Tickete ginn an deenen nächsten Deeg automatesch rembourséiert. Hei driwwer ginn d'Fans all per Mail kontaktéiert.
Wéi d'Organisatioun vum Festival matdeelt, wier et dëst Joer schwéier ee Festival ze organiséieren, dat well de Summer aktuell vun enger massiver Unzuel un Open-Air-Eventer iwwerrannt gëtt. Trotz dem éischtklassege Line-Up wär d'Organisatioun an Duerchféierung esou net méiglech. Et géif u produktiounstechnesche Schwieregkeeten hänken.
Ënner anerem sollte Slipknot, Volbeat, The Prodigy a Within Temptatioun optrieden.