Hollywood Vampires mussen déi éischt dräi Concerte vun hirer Tour verréckelen.

Hollywood Vampires mussen de Start vun hirer Tour den Dënschden verréckelen, well de Johnny Depp sech blesséiert huet. Hie soll sech bei engem Optrëtt am Foussgelenk wéi gedoen hunn. De Méinden huet d'Band op Instagram matgedeelt, dass déi dräi éischt Concerte vun dëser Woch musse verréckelt ginn. Dat sinn d'Concerten zu Manchester, Boston a Bethel (New York). D'Concerte sollen awer am Juli nogeholl ginn.

D'Grupp besteet aus dem Joe Perry, dem Alice Cooper, dem Johnny Depp an dem Tommy Henriksen a kënnt den 21. Juni och op Lëtzebuerg an d'Rockhal.

Lauschtert hei déi ganz Museknews vum 30. Mee.