Dem Keanu Reeves seng Band Dogstar ass déi éischte Kéier no iwwer 20 Joer nees opgetrueden.

Déi meeschte Persoune kennen de Keanu Reeves als Schauspiller a wësse guer net dass hien och mol als Museker ënnerwee war. Seng Band mam Numm Dogstar besteet nieft him nach aus dem Bret Domrose an dem Robert Mailhouse. No iwwer 20 Joer huet sech d'Band dann nees op d'Bün getraut. Leschte Samschde sinn si nämlech um BottleRock Festival am Napa Valley a Kalifornien opgetrueden an dat och nach als Iwwerraschungsact. Hei huet d'Band am ganzen 12 Lidder gespillt.

Am Oktober 2002 hat d'Band deemools hire leschte Concert gespillt an sech am selwechte Joer opgeléist. Schonn am Juli lescht Joer gouf awer matgedeelt, dass si ee Comeback feiere wäerten. Am Dezember hunn si och een neien Album ugekënnegt. Wéini dëse soll erauskommen ass awer nach net gewosst.

Lauschtert hei déi ganz Museknews vum 31. Mee.