No bal véier Joer Paus steet d'Lana del Rey nees op der Bün.

Leschte Weekend stoung d'Lana del Rey déi éischte Kéier zanter dem November 2019 fir ee ganze Concert op der Bün. Beim MITA Festival zu Rio De Janerio huet hatt ee ganze Solo-Concert ginn. An deene leschte Joren huet een hatt just heiansdo bei Late-Night-Talkshowe gesinn.

D'Musekerin huet nieft bekannte Lidder och Lidder vu sengem neien Album "Did you know that there's a tunnel under Ocean Blvd" presentéiert. Passend zu der Vintage-Ästhetik vum Album huet sech d'Lana del Rey am Marilyn-Monroe-Look gewisen.

Lauschtert hei déi ganz Museknews vum 31. Mee.