
© Gloria Cover / ANGELA WEISS / AFP
D'Madonna bréngt zesumme mam Sam Smith eng éischt Single eraus.
D'Single mam Numm "Vulgar" ass déi éischt Zesummenaarbecht vum Madonna a Sam Smith a soll de 9. Juni verëffentlecht ginn. Dat huet d'Madonna de Mëttwochmoien op de Soziale Medie matgedeelt. Hei huet d'Musekerin d'Artwork vun der Single presentéiert. D'Bild weist eng schwaarz-wäiss Opnam vun zwee Korsetter drop. Déi hunn jeeweils d'Initiale vum Smith a Madonna drop stoen, dat heescht "S&M".
D*e Smith huet dës Zesummenaarbecht scho lescht Woch op Twitter mat engem Audioclip ugekënnegt. An dësem goufen dem Sam an dem Madonna hier Nimm andauernd widderholl.
Lauschtert hei déi ganz Museknews vum 1. Juni.