De Josh Island huet eng Europa Tour an ee neien Album ugekënnegt.

Op Instagram huet de Josh Island ugekënnegt, dass hien duerch Europa wäert touren. Seng Tour nennt sech "In my head Tour". Dobäi ass hien direkt fir säin éischten Optrëtt vun der Tour zu Lëtzebuerg um Echterlive. Dat ass dann den 23. Juli zu Iechternach. De leschte Concert vun der Tour ass dann den 11. November zu Diddeleng.

Donieft huet de Josh Island matgedeelt, dass hien de 15. September een neien Album wäert rausbréngen a vun dësem Album wëll hie scho Lidder op senger Tour mat senge Fans deelen.

Nieft Lëtzebuerg kann een de Josh Island och an Däitschland, der Belsch an op Zypern gesinn. Tickete kann een sech elo scho sécheren.

Lauschtert hei déi ganz Museknews vum 1. Juni.