The Weeknd huet zesumme mam Madonna a Playboi Carti eng ganz nei Single erausbruecht!

D'Virfreed op déi nei HBO-Serie "The Idol" vun a mam Abel Tesfaye klëmmt. Fir de Fans d'Waardezäit ze verkierzen, huet The Weeknd e Freiden eng weider Single-Auskopplung aus dem Album "THE IDOL VOL.1" erausbruecht, deen d'Serie musikalesch begleede wäert. Um neien Track "Popular" sinn d'Madonna an déi amerikanesch Rapperin Playboi Carti mat dobäi. Schonn Enn Abrëll war "Double Fantasy (feat. Future)" als éischt Single erauskomm.

D'Serie "The Idol" leeft sonndes de 4. Juni exklusiv op HBO un. Eng opstriewend Pop-Sängerin wëll hire Wee an d'Entertainment-Industrie zu Los Angeles fannen. Do fänkt si och eng Affär mam Besëtzer vun engem Club un, deen hir ufanks hëllefe wëll. D'Sängerin aant awer net, dass hien de Kapp vun engem Kult ass. D'Roll vum Club-Besëtzer Tedros gëtt iwweregens vum Abel Tesfaye aka The Weeknd gespillt. D'Serie gouf an deene leschte Méint ëmmer erëm kritesch diskutéiert. Den amerikanesche "Rolling Stone" huet zum Beispill geschriwwen, dass d'Serie am Laf vun der Produktioun falsch ofgebéit an zu engem "verduerwene Folter-Porno" gi wier. Et bleift also ofzewaarden, wéi d'Reviews no der Première e Sonnde wäerten ausfalen.

Lauschtert hei déi ganz Museknews vum 2. Juni.