Déi 2023 Editioun vum Rock am Ring ass knapps eriwwer, mee et kann een sech schonn op d’nächst Joer freeën.

D’Early BirdLoyalty Tickets fir de Rock am Ring 2024 sinn elo schonn ze kréien! Dat huet de Festival op Facebook ugekënnegt. All d’Infoen iwwer d’Loyalty Tickets kréien déi Leit per Mail, déi fir dëst Joer en Early Bird Ticket kaaft haten.

De Festival seet domat deene Leit Merci, déi hinnen am treiste sinn. Déi nächst Editioun vum Rock am Ring fënnt tëscht dem 7. an 9. Juni 2024 um Nürburgring statt. Et ass natierlech e bëssi fréi fir eppes iwwer de Line-Up gewuer ze ginn.

De Rock am Ring 2023 war dëse Weekend, do konnt een zum Beispill Foo Fighters, Kings of Leon, Tenacious D an Die Toten Hosen gesinn.

D'Musek News vum Dag ginn et hei!