
© FRAZER HARRISON / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Musek a Sport vermëschen sech zimmlech dacks, dat wäert och den 10. Juni de Fall sinn.
D’Performers goufen nämlech fir d’Finall vun der UEFA World Champions League annoncéiert. Déi fënnt zu Istanbul am Atatürk Olympic Stadium an der Tierkei statt.
Den DJ a Producer Alesso wäert also bei der Finall performen. Hie wäert awer net eleng sinn, mee wäert d’Bün mat anere bekannte Kënschtler deelen. Et war nämlech schonn annoncéiert ginn dass déi brasilianesch Sängerin Anitta an den nigerianesche Kënschtler Burna Boy optriede wäerten. Manchester City an Inter Mailand spille géinteneen.
Ënner anerem huet den Alesso d’Lidd "When I’m Gone" mam Katy Perry erausbruecht.