De schottesche Sänger huet eng Paus bis Enn Juni ugekënnegt.

De 26 Joer ale Museker huet virun e puer Wochen säin neien Album "Broken By Desire To Be Heavenly Sent" erausbruecht gehat a war aktuell eigentlech mat dësem op grousser Tournée.

Elo huet de Museker an engem Post op Instagram awer matgedeelt dass hien all déi nächst Concerte bis säin Optrëtt um Glastonbury Festival de 24. Juni géif ofsoen.

Obwuel hien immens gär géif de Fans säin Album weisen, waren déi lescht Méint immens ustrengend fir de Museker, sief et mental oder physesch. Dofir géif hien elo léiwer eng Paus maache fir duerno erëm richteg lasszeleeën. Et géif him immens Leed doe fir all déi Leit déi elo schonn Tickets fir dës Concerten haten.

Am Moment wéilt hien einfach Zäit mat senger Famill verbréngen a sech erhuelen.