Dëst Joer soll nach dem Nicki Minaj säi fënneften Album op de Marché kommen.

Déi amerikanesch Sängerin Nicki Minaj huet e viru kuerzem jo nach zesumme mam Kim Petras op dem senger Single "Alone" héieren. Elo huet d'Nicki Minaj dann och op Twitter annoncéiert, dass dëst Joer nach säin neien Album wäert erauskommen. Den 20. Oktober 2023 wäert der Rapperin säi fënnefte Studioalbum erauskommen. Et sinn dann och scho fënnef Joer hier, dass d'Nicki Minaj säi leschten Album "Queen" erausbruecht huet.

Den Titel, Cover oder Tracklist vum Album si bis elo awer nach net bekannt.