D'Taylor Swift knackt e weidere Rekord an ass elo déi éischt weiblech Kënschtlerin mat 100 Millioune Monthly Listeners op Spotify!

Dat huet de Musek-Streaming-Déngscht mat de Wierder "Queen behavior" en Dënschden Owend op Social Media bekanntgemaach. Fir d'Amerikanerin ass et da wuel awer guer keen esou ee cruel summer! D'Nummer 1 am Ranking vun de Museker*inne mat de meeschte Monthly Listeners op Spotify ass den The Weeknd, hien huet der iwwer 110 Milliounen. Hannert dem Taylor Swift op der Plaz 3 kënnt de Bad Bunny mat 80 Milliounen, direkt hannendrun läit den Ed Sheeran mat 77 Milliounen.

Am Juli hat d'Taylor Swift säin drëtte re-recorded Album "Speak Now (Taylor's Version)" erausbruecht, deen et natierlech op d'Plaz 1 an den amerikaneschen Charts gepackt hat. Domat hat d'Kënschtlerin zu deem Zäitpunkt 4 Alben an de Billboard-Top-10. Hatt ass eréischt déi drëtt Persoun an der Museksgeschicht déi dat fäerdegbruecht huet.

Wärend engem Concert vu senger "Eras Tour" zu Los Angeles huet d'Taylor och elo ugekënnegt, dass de 27. Oktober "1989 (Taylor's Version)" wäert erauskommen.