
© AFP/VALERIE MACON
D'Taylor Swift bréngt seng gigantesch "The Eras Tour" am Oktober als Concertsfilm an de Kino! Bis elo gëlt dat awer just fir Nordamerika.
"D'Eras Tour war bis elo déi bedeitungsvollst an opreegenst Erfarung a mengem Liewen", schreift d'Kënschtlerin op Instagram. "Ech sinn iwwerglécklech iech matzedeelen, dass d'Tour geschwënn op de groussen Écran komme wäert." D'Seancë fannen tëschent dem 9. September 2023 a 14. Januar 2024 statt. D'"Taylor Swift Night - A Taylor Swift inspired Dance Party" mécht ënnert anerem Statioun zu Chicago, Dencer, Charleston oder St Louis. A sengem Social-Media-Post huet d'Taylor Swift seng Fans dozou opgeruff, am Kino genee esou ze sangen an ze danzen ewéi virun der Bün. Ob de Film och an europäesche Kinoen ze gesi wäert sinn, ass bis elo nach onkloer.
Dem Taylor Swift seng "The Eras Tour" ass de 17. Mäerz vun dësem Joer ugelaf a geet am Ganzen nach bis den 23. November 2024. No Nordamerika an enger klenger Paus, geet et elo am November a Latäinamerika weider. D'nächst Joer mécht d'Tournée dann och e Stopp an Europa. Den Stuerm op d'Tickete war esou grouss, dass den zoustännegen Ubidder Ticketmaster vun enger "historesch beispielloser Nofro" schwätzt. Expert*inne rechnen domat, dass "The Eras Tour" am Ganzen iwwert eng Milliard US-Dollar aspille wäert. Keng aner Concertsrees huet bis elo esou vill Ëmsaz generéiert.