Déi brittesch Kënschtlerin wollt emol eng Kéier eppes Neies ausprobéieren an huet säin neien Album an engem schicken AirBnb produzéiert!

"Tension" ass dem Kylie Minogue säin éischten Album zanter dem Release vun "Disco" am Joer 2020. Well d'Musekerin net klassesch am Studio wollt schaffen, huet säi Label eng Luxus Wunneng zu Surrey a Groussbritannien gelount. Zesumme mat all de Co-Auteuren a Produzenten huet d'Kylie do gewunnt a geschafft. D'Wunneng mat eegenem Swimmingpool hat wuel gutt Vibes, well d'Ekipp huet et gepackt an nëmme fënnef Deeg 16 Songs ze schreiwen.

Dem Kylie säi laangjärege Songwriter-Partner Biff Stannard huet an engem Interview mat der Zeitung "Classic Pop" gesot, dass si besser an enger entspaanter Ëmgéigend schreiwe kéinten, ewéi an engem Studio. D'Plackefirma hätt beim Booking also eng gutt Aarbecht geleescht, esou de Stannard weider. Anscheinend war de Flow esou gutt, dass si bal ni d'Schwämm benotzt hätten, obwuel et déi wäermste Woch vum Joer war. Och de Fait, dass et keng Klimaanlag gouf, hätt net weider gestéiert.

"Tension" kënnt den 22. September eraus. Nieft dem Titel-Track ass och schonn d'Single "Padam Padam" dobaussen.