Den neien Album vum Demi Lovato soll an eng méi rockeg Richtung goen an ass domat den Ufank vun enger neier musikalescher Phas.

De 15. September bréngt Demi Lovato säin neien Album eraus, Hei handelt et  sech ëm säin éischte Remix-Album. Dat neit Wierk mam Numm "Revamped" ass eng Usammlung vun der Sängerin senge Liblings-Hits aus deem leschte Joerzéngt. Nei ass awer, dass d'Kënschtlerin Tracks ewéi "Heart Attack", "Sorry Not Sorry" an "La La Land" an enger rockeger Versioun opgeholl huet. Op "Revamped" wäerten am Ganzen 10 Tracks mat drop sinn.

Demi Lovato "Revamped" - Tracklist

  1. Heart Attack (Rock Version)
  2. Confident (Rock Version)
  3. Sorry Not Sorry (Rock Version) (Ft. Slash)
  4. Cool for the Summer (Rock Version)
  5. Tell Me You Love Me (Rock Version)
  6. Neon Lights (Rock Version) (Ft. The Maine)
  7. Skyscraper (Rock Version)
  8. La La Land (Rock Version) (Ft. Nita Strauss)
  9. Give Your Heart A Break (Rock Version) by Demi Lovato & Bert McCracken
  10. Don’t Forget (Rock Version)