
© Xavier Collin/Image Press Agency/NurPhoto / Image Press Agency / NurPhoto / NurPhoto via AFP
Wéi d'Olivia Rodrigo elo op sengem Instagram matdeelt geet hat 2024 op Welttournée.
D'Olivia Rodrigo geet mat sengem neien Album "Guts" op Welttournée. Mat Stopps an Däitschland, Holland, Belsch oder Frankräich ass et och fir eis méiglech d'Sängerin Live ze gesinn. Fir déi europäesch a brittesch Fans heescht et elo, sech fir d'Ticketen, bis de 17. September op oliviarodrigo.com anzeschreiwen. Soubal een sech ageschriwwen huet, krit een hei per Zoufalls-Prinzip ee Code geschéckt, mat deem Code kann een en Donneschdeg, den 21. September um Virverkaf deelhuelen.
An Amerika hunn d'Fans esouguer d'Chance op en "Silverstar Star Ticket", hei handelt et sech ëm en Ticket, deen nëmmen $20 kaschte soll, plus Steier an d'Tax. Dëse Programm soll et de Fans méiglech maachen Ticketen erschwénglech an esou einfach wéi méiglech ze kréien. Déi Tickete kënnen nëmmen als Koppel kaf ginn an och nëmmen 2 pro Kapp, d'Sëtzer sinn niewent eneen, mee wou weess een eréischt den Dag selwer.
A Verbindung mat der "Guts" Welttournée,wäert d'Olivia Rodrigo "Fund 4 Good" an d'Liewe ruffen, eng global Initiativ, déi sech fir d'Gerechtegkeet vu Meedcher a Fraen asetzt. Och een Deel vum Erléis vun den Ticketverkeef wäert an der Sängerin hire Fund fléissen.
- 22. Mee zu Antwerpen
- 24. Mee zu Amsterdam
- 1. Juni zu Berlin
- 4. Juni zu Hamburg
- 5. Juni zu Frankfurt
- 7. Juni zu München
- 12. Juni zu Köln
- 14. Juni zu Paräis