
© LOIC VENANCE / AFP
Déi franséisch Sängerin huet d'lescht Joer den Album "Sentiment" erausbruecht, elo huet hatt Dësen nei opgeholl.
D'Lidder op där neier Versioun wieren e gutt Stéck méi poppeg produzéiert, dofir hätt hatt beim Titel d'Wuert "heureux" bäigesat, esou d'Louane am Interview mam franséische Radiosender Chérie FM. Op "Sentiments heureux" sinn am Ganze 17 Tracks mat drop, 7 dovunner si komplett nei.
Mat sengem neien Album geet d'Louane och op Tournée a kënnt de 5. Oktober 2023 an den 19. Januar 2024 bei eis op Lëtzebuerg. D'Kënschtlerin wäert zwou ganz intim Shows am besonnesche Kader vum Stater Conservatoire spillen. Béid Concerte si scho komplett ausverkaaft. Mat e bësse Chance fannt dir nach Ticketen an eiser Eldo-Ticketbourse!
Gewannt hei är Ticketen fir dem Louane säi Concert de 5. Oktober 2023!