
© GETTY IMAGES/AFP/Archives/Christopher Polk
Déi australesch Sängerin huet seng ganz nei Single erausbruecht a gläichzäiteg en neie Longplayer fir dat nächst Fréijoer ugekënnegt!
Dësen dréit den Titel "Reasonable Woman" a ka vun elo u virbestallt ginn. Weider ass bekannt ginn, dass et eng op 500 Stéck limitéiert mandarinne-faarweg Vinyl-Editioun wäert ginn. Den Album ass dem Sia säin éischte wierkleche Solo-Pop-Release säit "1000 Forms of Fear" vun 2014. Dotëschent hat d'Kënschtlerin "This Is Acting" mat Lidder déi hatt fir aner Artist*inne geschriwwen hat an de Chrëschtdagsalbum "Everyday Is Christmas" erausbruecht. 2021 hat hatt mam Film "Music" och säin ëmstriddenen Debut als Regisseurin ginn.
Mat "Gimme Love" ass elo och schonn deen éischte musikalesche Virgeschmaach vu "Reasonable Women" dobaussen. D'Sia presentéiert sech a Pop-Topform a bréngt eis eng Melodie déi matrappt, futuristesch Synthies an eng Hook, déi genee esou kléngt ewéi déi Hooks déi d'Sia grouss gemaach hunn.