
© YouTube Screenshot
Dobäi mécht den däitsche Rapper wuel och Statioun bei eis an der Géigend zu Köln oder Frankfurt am Main!
Vum 2. Mee 2024 u wäert den Apache 207 an 12 däitsche Stied optrieden. An deene Stied, an deenen de Kënschtler spille wäert, konnten d'Fans e Sonnden Owend e Laserstral um Himmel gesinn. Deemno géif hien d'nächst Joer ënnert anerem Concerten zu Berlin, Hamburg, Hannover, Leipzig oder Münche spillen. Fir Fans aus dem Eldoland si besonnesch déi zwou Stied Frankfurt am Main a Köln interessant.
"Et gëtt näischt méi Schéines ewéi meng Musek virun engem energiegeluedene Public ze performen", erkläert den Apache 207 an engem Statement. "Et war kloer, dass mir eis no där iwwerwältegend positiver Resonanz op eis Open-Air-Tournée nach eng Kéier op de Wee maache géifen", heescht et weider. Wéini a wou genee d'Concerte stattfanne wäerten, ass bis elo nach net bekannt. De Virverkaf fir d'Arena-Tournée soll en Donneschde starten. Bis dohin kënne mir iech sécherlech nei Infos bréngen.