Ëmmer méi Museker*innen trennen sech ganz oder an Deeler vun de Rechter un hire Songs, elo och d'Katy Perry!

D'Kënschtlerin huet nämlech elo d'Rechter vu sengen Hitalben aus de Joren 2008 bis 2020 un d'Firma Litmus Music verkaaft. Konkret ëmfaasst den Deal d'Wierker "One of the Boys", "Teenage Dream", "PRISM", "Witness" a "Smile". Wéi e puer amerikanesch Medie mellen, gëtt de Wäert vum Deal op ronn 225 Milliounen US-Dollar geschat. Litmus Music selwer huet keng Angaben iwwer finanziell Detailler gemaach. De Chef Dan McCarroll huet d'Katy Perry an engem Statement awer als "kreativ Visionärin mat engem groussen Afloss an de Beräicher Musek, Fernsee, Film a Philanthropie" bezeechent.

Ufanks des Jores hat ënnert anerem schonn den Justin Bieber seng Rechter fir ronn 200 Millioune Dollar verkaaft. An deene leschte Joren haten och schonn de Phil Collins an Genesis, d'Red Hot Chili Peppers oder de Bob Dylan honnerte Milliounen Dollar akasséiert. Dee bis elo gréissten Deal huet bis elo wuel awer "The Boss" Bruce Springsteen realiséiert, deen d'Rechter u senger Musek fir kolportéiert 500 Milliounen US-Dollar u Sony verkaaft huet.

Duerch d'Entwécklung vun der Musekszeen si Museksrechter an deene leschte Joren zu enger lukrativer Kapitalanlag ginn. Haaptsächlech de Streaming huet d'Branche op de Kapp gestallt, och aus finanzieller Siicht. Fréier hu Bands a Kënschtler*innen hir Sue virun allem mat neie Songs a Form vun CDen oder Downloads verdéngt. Mat "aler" Musek war kaum Geld ze verdéngen. Duerch Streaming an de Boom vu soziale Medien ewéi TikTok kommen haut iwwer Joren oder Joerzéngten Milliounebeträg zesummen.