
© Heidi Fin / Unsplash
Artist*inne kënnen elo dofir bezuelen, dass hire Song oder e ganzen Album op der Startsäit ugewise gëtt!
Méiglech gëtt dat mam neie Marketing-Feature Showcase, dee Spotify elo annoncéiert huet. Domat geet och en neie Wee op, fir iwwer divers "target markets" spezifesch Nolauschterer-Typpen ze cibléieren. D'Reklamm gëtt ganz uewen op der Homepage als mobille Banner ugewisen a wäert och als esou eng gekennzeechent sinn. Den Tool gouf entwéckelt, fir dass Kënschtler*innen de Momentum vun neie Releases oprechterhale kënnen. Nei Releases ze promote wier net nëmme wärend dem Release Day wichteg, esou d'Entreprise an engem Statement. An der Moyenne géifen nämlech 75% vun de ganze Streams vum éischte Joer nom Release, am éischte Mount geschéien. Ausserdeem géife User*innen déi esou eng Showcase-Reklamm ugewise kréien, de Release sechs Mol méi oft streamen, heescht et weider.
Fir deen neien Tool ze benotzen, musse Museker*inne gewësse Krittären erfëllen. Zum Beispill misst een op d'mannst 1000 Streams iwwert déi lescht 28 Deeg op engem vun deenen target markets erreecht hunn. De Budget vun esou enger Showcase Campagne geet bei 100$ un. Éischt sponsored recommendations sollen an deenen nächste Wochen ze gesi sinn.
Nieft Showcase hat Spotify ufanks des Jores schonn den Discovery Mode annoncéiert. Dësen erméiglecht Kënschtler*innen zum Beispill festzeleeën, wéi ee vun hire Songs vum Algorhythmus favoriséiert soll ginn.