
© ANGELA WEISS / AFP
Taylor Swift annoncéiert 4 nei Songs vum Album "1989 (Taylor's Version)" mat 33 Millioune Quiz-Froen.
D'Taylor Swift huet um Mëttwoch e Quiz mat 33 Millioune Quiz-Froen op Google gemaach. Hei huet een einfache Numm vun der Sängerin missen an d'Sichfënster vu Google aginn an ass soumat op d'Säit vum Taylor komm. Hei konnt een dann op ee Safe klicken a krut du Froen zum Album 1989 ze léisen, deen 2014 erauskomm ass.
E ganzen Dag hunn d'Swifties weltwäit gerätselt a géint 13h30 eiser Zäit dunn d'Rätsel geléist. War de Safe op, konnt een eng Opnam vum d'Taylor Swift ofspillen. An dëser seet hatt, dass 4 nei Tracks um Album "1989 (Taylor's Version)" ze fanne sinn.
De Longplayer kënnt de 27. Oktober eraus an ass soumat de véierten Album, deen hatt nei opgeholl huet.
Déi 4 nei Tracks:
- Is It Over Now?
- Now That We Don’t Talk
- Say Don’t Go
- Suburban Legends