
© ANGELA WEISS / AFP
Den Ed Sheeran huet elo bekannt ginn, dass hien eng Live-Versioun vun sengem Album "Autumn Variations" opgeholl huet.
Lauschtert hei déi ganz Musek News!
De Singer-Songwiter huet op Instagram matgedeelt, dass hie säi neien Album "Autumn Variations", deen den 29te September erauskënnt, och als Live-Album opgeholl huet. Dat awer net am Studio, mee bei senge Fans doheem. All Song ass bei enger anerer Persoun opgeholl ginn. Wéi een elo op sengem Instagram gesäit, huet hien sech bei engem Fan doheem un de Piano gesat an de Song Wake Me Up aus dem Joer 2011 gespillt.
Wéini dës Versioun vum Longplayer "Autumn Variation‘ from The Fan Living Room" erauskënnt, ass nach net gewosst.