Wien dierf d'Roll vum James Bond iwwerhuelen? Dës Fro beschäftegt déi ganz Filmbranche. Och an der Musekswelt ass James Bond e grousst Thema!

Lauschtert hei déi ganz Musek News!

Egal wien den Nofollger vum Daniel Craig gëtt, deen neie Bond-Film wäert mat absolutter Sécherheet en Titelsong kréien. Brittesch Bookies hunn elo bekannt gemaach, wéi eng Kënschtler déi beschte Quoten hunn, fir deen neie Bond-Song produzéieren ze dierfen.

D'Online-Wett-Plattform Star Sports rechent deemno dem Harry Styles, mat enger Quot vu 7/1, déi beschte Chancen un. Direkt hannendrun platzéiert sech den Ed Sheeran mat enger Quot vun 8/1. Hien huet och schonn e puer Mol betount, wéi gär hien e Bond-Song maache géif. Och nach am Ranking vertruede sinn de Lewis Capaldi (10/1) an den Elton John (12/1).

An deene leschte Joren hu sech brittesch an net-brittesch Kënschtler*inne beim Schreiwe vum Bond-Song ofgewiesselt. Fir dee leschte Film "No Time To Die" hat d'Billie Eilish d'Éier, virdru waren et d*e Sam Smith an d'Adele.