Den Ed Sheeran an den J Balvin schaffe grad zesummen un engem neien Album.

Lauschtert hei déi ganz Musek News!

Den Ed Sheeran an den J Balvin hu schonn déi zwee Lidder "Sigue" a "Forever My Love" produzéiert. Elo soll ee kompletten Album erauskommen. Den J Balvin huet géigeniwwer der Zeitung "Nylon" e puer Detailer zu der Kollaboratioun mam Ed Sheeran matgedeelt. Hie sot, dass déi Zesummenaarbecht ganz natierlech entstanen ass, se hunn sech an engem Café getraff an zesumme Kaffi gedronk. Hire Projet soll d'nächst Joer fäerdeg sinn a soll eng Mëschung aus hiren zwou Welte sinn. Déi zwee Museker hunn sech déi éischte Kéier an engem Fitness Studio zu New York kennegeléiert nodeems den Ed Sheeran, dem J Balvin seng Stëmm erkannt huet, an dunn einfach bei hie gaangen ass fir Moien ze soen. Den Ed Sheeren huet scho fir déi d'"Perfect"-Versioun mam Andrea Bocello Italieenesch geléiert an och fir dës d’Zesummenaarbecht mam J Balvin huet de Sänger spuenesch geléiert. Wéini den Album soll erauskommen ass nach net bekannt. Mee d’Virfreed ass grouss.